-
D'Cité de la sécurité sociale mécht seng Diere fir d'Assuréen op
D'Institutiounen an d'Administratioune vun der Sozialversécherung, déi am Gebai "Office des assurances sociales", 125, route d'Esch zu Hollerech, ënnerbruecht waren, si geplënnert.
-
Verhütungsmëttel ginn ab dem 1. Abrëll zu 100% an ouni Altersbegrenzung rembourséiert
Déi verschidde juristesch Instrumenter am Zesummenhang mat Verhütungsmëttel, déi d'Ëmsetzung vum Programm vun der Preventivmedezin an dem allgemengen Zougang zu Verhütungsmëttelen op nationalem Plang erméiglechen, wäerten ab dem 1. Abrëll 2023 a Kraaft trieden.
-
Online Servicer vun den Entitéite vun der sozialer Sécherheet
Am Kader vun der Digitalisatioun war et dem Ministère fir sozial Sécherheet wichteg, sämtlech sozial Entitéiten zesummenzebréngen, fir déi verschidden Online-Servicer fir déi Verséchert virzestellen an ze fërderen. Zu dësem Zweck sinn déi verschidde Servicer vun der CNS, der AAA, der CNAP, dem CCSS an der AEC vun der Fleegeversécherung virgestallt ginn.
-
Upassung vun de soziale Parameteren op den 1. Februar 2023
Nom Ausléise vun der Indextranche, déi duerch d'Publikatioun vun den Indexresultater fir de Mount Januar 2023 confirméiert gouf, an no der mensueller Sëtzung vun der Indexkommissioun den 10. Februar 2023, goufen déi sozial Parametere réckwierkend op den 1. Februar 2023 ugepasst.
-
De Claude Haagen huet déi zukünfteg "Cité de la sécurité sociale" besicht
Den 8. Februar 2023 huet de Minister fir sozial Sécherheet, Claude Haagen, a Begleedung vum President vum Fonds de compensation commun au régime général de pension (FDC), dem Alain Reuter, déi zukünfteg "Cité de la sécurité sociale" besicht. D'Gebai gouf vum FDC gebaut a bleift och an hirem Besëtz.
-
Remboursement vun der Psychotherapie vum 1. Februar un
De 24. Januar 2023 huet de Staatsrot säin Avis zu zwee groussherzogleche Reglementer iwwer d'Modalitéite fir d'Iwwerhuele vun de Käschte fir Psychotherapie duerch d'Krankeversécherung bekannt ginn.
-
De Regierungsrot geneemegt allgemengen Zougang zu Verhütungsmëttelen
Den 20. Januar 2023 huet de Regierungsrot den Avant-Projet fir d'groussherzoglecht Reglement iwwer d'Nomenclature vun de medezineschen Akten a Servicer déi vun der Krankeversécherung iwwerholl gi guttgeheescht, fir esou de Programm vun der Preventivmedezin an dem allgemengen Zougang zu Verhütungsmëttelen op nationalem Plang ëmzesetzen.
-
Ofschafe vum Akkont bei de Sozialversécherungscotisatiounen
D'Tripartite-Ofkommes vum 28. September 2022 gesäit d'Ofschafe vum Akkont fir d'sozial Laaschten op den 1. Januar 2023 fir. Duerch dës Moossnam soll de Versement vun de Cotisatioune besser opgedeelt ginn an Employeuren an Independanten kënne besser finanziell ënnerstëtzt ginn.
-
E weidere Schrëtt a Richtung vun enger Prise en Charge vun de Käschte fir psychotherapeutesch Behandlungen
De Regierungsrot huet den 29. Dezember 2022 den Avant-projet vum groussherzogleche Reglement iwwer d'Aféierung vu psychotherapeutesche Behandlungen an d'Nomenclature ugeholl, an deem en op eng schrëftlech Prozedur zeréckgegraff huet.
-
Erhéijung vun de Pensiounen ab dem 1. Januar 2023
Vum 1. Januar 2023 un klammen d'Pensiounen ëm 2,2%
-
Iwwergangszäit bis Enn dës Jores mat Bezuch op den Teletravail an déi entspriechend Affiliatioun bei der Sozialversécherung fir Frontalieren
Wéinst der aussergewéinlecher Situatioun am Kontext vun der COVID-19-Kris, war beschloss ginn d'Teletravail-Deeg, déi an deem Kader geholl goufen, net ze berécksiichtege beim Bestëmme vun der Legislatioun am Beräich vun der Sozialversécherung fir Frontalieren. Dës aussergewéinlech Dispositioun sollt am Prinzip den 30. Juni 2022 auslafen.
-
Aféierung vum 3G-System op der Aarbechtsplaz: Bestëmmungen am Beräich vun der Sozialversécherung
Säit dem 15. Januar 2022 gëllt op der Aarbechtsplaz déi legal Flicht e COVID-19-Impfcertificat, e Geheelt-Certificat oder en negativen Test-Certificat virzeweisen.
-
Neie Formulaire fir de "Congé pour raisons familiales" dee vum 30. Mäerz 2020 u gëllt
De Congé pour raisons familiales ass erweidert ginn, fir deenen Elteren ze hëllefen, déi keng Méiglechkeet hu fir d'Gard vun hire Kanner bis 12 Joer, respektiv bis 18 Joer "accomplis" am Fall vun engem handicapéierte Kand, z'assuréieren.
-
Mesuren um Niveau vun de Sozialkotisatiounen déi am Kader vun der COVID-19-Kris duerch de Centre commun de la sécurité sociale agefouert ginn
Wéinst dem Impakt vum COVID-19 op d'Entreprisen an déi Fräiberufflech zu Lëtzebuerg, hunn de gemeinsamen Zentrum fir sozial Sécherheet (Centre commun de la sécurité sociale) an de Minister fir sozial Sécherheet, Romain Schneider, eng Rei Mesurë geholl fir d'Entreprisen an d'Fräiberuffler z'ënnerstëtzen, andeems se méi Flexibilitéit bei der Bezuelung vun hire Sozialversécherungsbäiträg kréien.
-
Pressekonferenz vum Dan Kersch a Romain Schneider iwwert d'Konsequenze vum COVID-19
De Livestream fänkt géint 17 Auer un.
- 1
- 2
- Lescht Säit